Neiegkeeten

Fortbildung:

Merci fir di grouss Participatioun !

Umeldung

Flyer

Beschreiwung

Pressematdeelung

————————————————————————————————————

 

 

 

WHEELS UP
WIEN MIR SIN – WAAT MIR MAACHEN

 

Wéi huet alles ugefaangen?

 

2003 gouf den éischte Service zu Lëtzebuerg gegrënnt, deen sech akut em Jugendlech këmmert, déi psychesch Krankheeten hunn. An deem Kontext hunn sech iwwer d‘Joren vill engagéiert Leit, souwuel Professioneller wéi och Benevoller, zesummefonnt an si hunn sech fir d’Ënnerstëtzung vun deene Jonken an hire Familljen am Beräich vun der mentaler Gesondheet agesat.

 

Geleet vum Initiativgeescht vun der Mme Anita BRÜCK, Assistante sociale an dem Dr Christopher GOEPEL, Pedopsychiater, huet sech aus deenen engagéierte Leit iwwert d’Joren en „Frëndeskrees“ forméiert, deen als Ziel hat, sech benevol fir psychesch krank Kanner a Jonker anzesetzen. Gutt 15 Joer méi spéit, am September 2018, ass aus dem „Frëndeskrees“ d’ASBL „Wheels Up – Hëllef fir psychesch krank Kanner“ entstanen.

 

 

Firwat de Numm „Wheels Up“ ?

 

An der Aviatioun beschreift den Ausdrock „Wheels Up“ dee Moment wou de Fliger nom Start esou sécher an der Loft ass, dass hien net méi eroffale kann. Esou kann de Fliger seng Rees mat Sécherheet an Zouversiicht ugoen an de Pilot kann d‘Rieder eranhuelen.

 

D’ASBL „Wheels Up – Hëllef fir psychesch krank Kanner“ well Jonker, déi e komplexe Bagage vu psychescher Krankheet (oft schonn vu klengem un) hunn, bei hirem Start an d’Liewen ënnerstëtzen.  Mir wëllen dozou bäidroen datt di Jonk hire „Wheels Up“ kenne maachen andeems mir hinnen et erméigleche méi sécher, selbstbewosst a gesond an d’Liewen ze starten. 

 

 

Firwat setze mir eis an?

 

Mir setzen eis benevol, souwuel direkt fir eenzel Jonker, esou wéi och fir Gruppen vu Jonken an. Dëst besonnesch do wou systembedingte Lücken am Helfersystem et net erlaben deem Jonken eng zäitno, situatiounsbedingt appropriéiert Hëllef  ze ginn.

 

D‘Destigmatiséierung an d‘Opklärung iwwer psychesch Krankheete bei Jonken an den Ëmgang mat hinnen, hire Familljen an de Professionelle läit eis och besonnesch um Häerz. Dofir organiséiere mir ënnert anerem och Konferenzen, Formatiounen a soss Eventer zur Sensibiliséierung.

  

Zeckt net Iech bei eis ze mellen, mir maan eis eng Freed draus Iech gäre Ried an Äntwert ze stoe wat eis Projet’en an Engagementer betrëfft.

 

 

 

        Kuckt op eiser Facebooksäit lanscht:

WHEELS UP – Hëllef fir psychesch krank Kanner ASBL

Siège: 14, rue des Promenades, L-5973 ITZIG  –  Numéro RCS : F11943
 www.wheelsup.lu    info@wheelsup.lu    T: 691 166 848  –  F: 27 40 40 05